Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.

Moien,

 

ech freeë mech datt Dir de Wee fond huet bei mech.

Hei kënnt Dir Informatiounen iwwer meng neisten Projeeë fannen, Ausstellungen, a villes méi.

Ech wënschen Ierch genee sou vill Spass a Freed mat menger Konscht, wéi ech si och domadder hun.

 

Liette


D'Molen

Hei e klenge Detail aus engem vu menge Biller déi et ab dem 19. September zu Téiteng an der Schungfabrik zu gesi sinn.
 
Am Moment molen ech am lëfsten mat AcrylFarw ... mol kucke wat d'Zukunft sou mat sech brëngt (ech hu sou eng kleng Ahnung wéi wann d'Touche nees optauche kéint). 

D'Installatiounen

 Hei eng Foto vun eng vu mengen Installatiounen - meeschtens schafen ech bei meng Installatiounen haptsächlech mat Holz.

Dës ass eng Ausnahm, si besteet zum groussen Deel aus Plastik, Stoff a Beton.

E neie Projet

un deem ech schaffen ass d'Iddi e KonschtGart ze maachen ... an hei ass déi éischt Iddi, déi ech an deem Zesummenhang ëmgesat hun.
 
Déi zweet Iddi nënnen ech e WebZaunTeppech (Fotoe dovuner kommen deem nächst op dëst Säit).

Spektrum ass eng Group vu 5 lëtzebuerger Kënschtlerinen, déi sech eemol am Mount gesinn fir iwwer hier Wierker ze discutéieren.

All 1-2 Joer organiséieren mir eng Ausstellung zesummen.

D'Madame Izabela Butroni ass eis Mentorin dobäi a fir eis eng wertvoll Hëllef a Frëndin.



;-))